D ‘Sonn ass iergendswéi haut erëm eropgaangen. Ouni ze froen schéngt hien seng Liichter riicht an mäin Zëmmer eran. All kéier wou ech meng Rideauen opmaachen virun schlofen ze goen, well ech hoffen wollt dass d ‘Luucht vun der Sonn mech waakreg giff schloen, mécht et einfach dass ech nach méi midd erwächen. Kéint sinn dass dat einfach normal ass, jiddereen mécht een gereizten Androck an eisem Duerf. All d ‘Passanten déi all dach eis verschidden Zorten Bijouen, Iessen an Neiegkeeten aus der Géigend bréngen an kafen hunn einfach opgehal ze kommen. Si hunn wahrscheinlech gemierkt, ewéi langweileg et hei wierklech ass; eist Duerf bitt näischt un verglach mat eisen Noperen, ausser dass mir onofhängeg vun si all sinn. Dat ass wat eis sou stolz mécht: eis staark Arméi huet nach keng eng kéier géint een anert verluer! Zesummen mat eisen Alliéierten maachen mir se all ganz alleng futti. Ech wëll an d ’Arméi goen wann ech méi al ginn.
Knupp. Knupp. Knupp.
D ‘Klapen un menger Dier räissen mech aus mengen Virstellungen. Meng Geschwëster wëssen ni, wéini den gudden Zäitpunkt ass, mech ze stéieren. Et wäert wuel entweder eng wichteg Persoun un der Dier sinn oder Iessen. No engem laangem, déiwen Suckel man ech meng Sonndeskleeder un, obwuel et Mëttwoch ass, mengen ech, an man meng Dier op. Ech krut net méi mat ween sou un menger Dier geschloen hat, den Täter ass verschwonnen. Vun mengem Zëmmer aus kann ech liicht déi vun den Verdächtegen gesinn. Si sinn all op. Onzefridden mat dëser Investigatioun droen ech mech selwer eis schmuel Trap aus Holz erof. Dësen kraacht mat all Schrëtt als ob et aus Péng jéimert, an ech sinn mol net esou déck. Abrupt forcéieren ech mech selwer ze stoppen, et kléngt als ob iergend eng Leit amgaangen sinn ze streiden an eisem Living. Wéineg concernéiert ginn ech dann weider an fannen an der éischter Dier riets just meng zwee Elteren an dësem Zëmmer, déi awer roueg hiert Iessen ukucken. Mäin Teller gouf schonn virbereet, an no hirem guddem Virbild setzen ech mech och hin an soen guer näischt. Et gouf offensichtlech näischt ze soen an ech briecht näischt ze wëssen.
*
Nom Iessen stoen ech op an rutschen ech stëll zeréck an d ‘Sécherheet. D ‘Dier geet ouni Resistenz zou, an den Moment wou ech dat maachen héieren ech eppes um Bueden falen. Hoffentlech hat ech se net ze fest zougeschloen.
Doheem war souwisou näischt ze dinn. Ech hunn d ’Initiativ selwer opgeholl fir mol een bëssen spazéieren ze goen. Vun baussen kréien ech dann een bessert Aussiicht op mäin Haus. Et ass eng bescheiden mee wonnerbar Wunneng, opgedeelt an zwee Stäck. Ech konnt vun baussen mäin Fënster gesinn, dat ech net express opgelooss hat. Schlëmm war et awer net, et giff wuel kaum een eppes klauen, mir hunn näischt vu Wäert an mir sinn gutt protégéiert. Eis Garage ass direkt do drënner, wou den Auto vun mir and menger Mamm stoung. D ‘Maueren waren vun Beton gebaut an dann giel gemoolt. Ech ginn ëmmer midd an traureg wann ech se ze laang ukucken. Ech hat Loscht mech mat mengem Kollegen ze treffen. Ze laang hunn ech se net gesinn. Fir dat also ze vermeiden sinn ech direkt weider gaang beim Haus vun Jakob, dat identesch gebaut wor mee rosa gemoolt war. Wou ech geschellt hat krut ech keng Äntwert. Ech ruffen als Witz: “Mat elo direkt op, et ass wichteg!” Den Jakob seng Mamm war ganz bleech wou hat mech gegréisst huet, sot dann awer direkt dono hannert sech: “Keng Suergen, dass einfach eise Noper.” Ech hat hat gefrot op den Jakob doheem war, an hat huet mech mat groussen Aen ugekuckt. “D- du weess jo-“, krut hat nach raus bis hire Mann hat fortgezunn huet an mat engem béisem Bléck mir d ‘Dier zou gehäit huet. Hien huet ëmmer iergend eppes, dofir hat ech mir keng Suergen gemaach.
“Sou kommen ech net weider”, sot ech mer selwer, an sinn weider gaangen. Wann den Jakob keng Zäit hat sinn ech ëmmer bei den Jérôme, kuerz Jerry, gaangen. Hiert haus ass awer eng fair Distanz ze fouss, dofir hunn ech meng Musek ugemaach fir dass et mir giff schéngen dass et manner Laang giff daueren.
Zéng Minutten herno war ech frou et Haus vun Jerry ze gesinn. Hiert haus ass net wierklech een Haus, wa mer éierlech sinn, mee éischter een Container. De Virdeel dovunner ass dass mer eis net Suergen maachen mussen eraus ze schläichen wéi beim Jakob, well den Jerry säin Zëmmer ass am Rez-de-Chaussée an hien kann liicht ran an raus sengem Zëmmer klammen. Verglach domat lieft den Jakob um zweeten Stack, ongeféier och wou mäin Zëmmer ass. Et ass dann wuel kee Wonner dass mer eis ëmmer gutt verstanen hunn. Ob jidder Fall souz den Jerry am Eck vum Zëmmer wou ech just eng Vue op säin Réck hat. Ech hunn lues säin Fënster getuckt fir seng Opmierksamkeet z ‘erregen, wat gelong ass. Abrupt huet hien sech ëmgeschloen an mech mat den selwechten Aen wéi den Jakob seng Mamm ugekuckt. Schnell huet hien sech awer kalméiert, wou hien mäin Gesiicht méi däitlech erkannt huet. Hien huet eppes op säin Schreifdësch falen gelooss mat engem haarden Geräisch, an huet schnell seng Hänn propper gewäsch. Ech weess dass hien et verstoppen wollt, an et huet net richteg funktionéiert. Mat engem forcéierten Laach hunn ech gewaart bis hien aus dem Fënster geklomm ass an sech op den Buedem falen gelooss huet, an dann sot hien: “T’es prêt à t’amuser?”
*
Wann ech mech gefaangen fillen an eisen féier Ecken vun eisem Land, ginn ech ëmmer op den Stuerzbaach. Et ass d ‘Häerz vun eisem Räich an Räichtum, an bitt eng gutt Aussiicht op eis Festung an d ‘Géigend. Am léifsten ginn ech mam Jakob dohinner, well hien ass mäin beschten Frënd säit der Primär, mee wann dat net geet ginn ech dann mam Jerry. Dat eenzegt mam Jerry ass, dass hien just Franséisch schwätzt. Seng Famill sinn Anerer, déi aus dem trauregen Land westlech vun eis komm sinn fir hannert eis op ze botzen. Si verdéngen dann zweemol sou vill wéi an hirer Heemecht. Et ass jo léif vun eis, dass mir se hierbiergen?
Den Jerry seng Mamm ass déi roueg Zort, déi mécht wat se gefrot gëtt ouni ze meckeren. Anscheinend war si fréier Sportschwammer mee misst ophalen wou hat eng Longenkrankheet opgelaf ass an si ni méi sou déif Otem huelen konnt wéi fréier. Lo sëtzt hat doheem an muss een Sauerstofftank benotzen. Den Jerry säin Papp ass dat ëmgekéiert, hien war fréier een aarmen Zigeiner deen d ‘Gittar gespillt huet fir sech iwwert d ‘Waasser ze halen. Seng Elteren haten sech dann begéint wou seng Mamm aus dem Spidol komm ass an säin Papp do stoen gesinn huet. Mat den Suen déi d ‘Mamm verdéngt hat am Schwammen hunn si hir Wunneng bei eis kaf. Dat war lo zwanzeg Joer hier. Säitdem haten si den Jerry an huet den Papp eng Aarbecht fonnt an eisem Finanzsekteur. Den Jerry huet bis lo keng Aarbecht an mécht zesummen mat eis seng Première am Lycée. Hien mengt, hei ze wëllen bleiwen wann hien seng Schoul fäerdeg huet an dann wahrscheinlech déi selwecht Aarbecht als säin Papp maachen an enger franséischer Firma hei am Land an dann eng Eist ze bestueden. Oft ass dat komesch ugesinn, mee hien mengt hien kritt dat hin.
Um Wee dohinner soen mir net vill. Hien kuckt just besuergt ëm sech hin an mierkt op, dass normalerweis awer Randonneuren giffen spazéieren goen ëm dës Auerzäit. Ech hunn dann geäntwert: “Bon, il ne fait pas aussi beau que tout le monde ait envie de sortir, non?” Zefridden mat dëser Äntwert sinn mir dann zesummen op den Fiels geklomm, vun wou aus mir di ganz Staat gesinn konnten. Effektiv hat hien recht, et war keng Seel dobaussen. Wann ech lo, ouni eppes ze soen, erof giff sprangen, giff mäin Kierper villäicht eréischt muer fonnt gin. Oder souguer nach méi spéit. Et mierkt een, eis Vollek mëscht sech anscheinend net sou vill Suergen em d ‘Leit, déi vermësst ginn. Virun allem déi Anescht ginn einfach op d ‘Säit geleet, an Sichparteien sinn streng Verbueden. Souguer wann een sou eng Persoun fënnt, gitt een oft bestrof oder ignoréiert, well Begriefnesser deier sinn an mir souwisou genuch Talent kënnen importéieren fir se z ‘ersetzen. Ech sinn keen Aneren, mee meng Grousselteren waren dat, an si kéinten dofir einfach meng Elteren zréck hëllefen. (Et muss een zwee Generatiounen am Land opwuessen loossen, fir dass déi Kanner als Eisen akzeptéiert ginn.) Oft ginn si dann an aner Schoulen geschéckt, kréien bessert Iessen, besser Aarbecht, Firrang, an sou weider. Dat hätt ech och wuel krut, mee meng Elteren haten gesinn dass mir an Jakob sou gutt Kollegen waren, dass si eis an di selwecht Schoul fir Anerer geschéckt hunn. Déi meescht Leit, woumat ech schwätzen, wëssen net mol dass ech en Eisen sinn. Mir ass dat och egal, wann ech mol fäerdeg mam Lycée sinn kucken mer ob dat dann nach wichteg ass.
Och wann ech waarden, kënnt keen op d ‘Strooss. Et ass wéi een Ameisenbierg ze stalken, hoffen dass een eraus kënnt fir dass de sécher bass dass di kleng Kolonie nach fir säin Liewen kämpfen kann. Vun hei gesäit och jiddereen aus wéi Ameisen. Vill hunn mer awer net gemeinsam.
D ‘Sonn geet erëm erof. Den Rescht vum Dag ass näischt geschitt, mee wou ech heem komm sinn hunn ech rëm streiden héieren am Haus vun Jakob. Villäicht war et fir ofzelauschteren, oder villäicht wollt ech wierklech rëm tocken goen, also sinn ech hier Träppleken erop gerutscht an hunn hesitant virun hirer Dier gestanen. Et war och nach fir näischt, ech konnt se net mol däitlech héieren, mee ech wosst dass d ‘Spannung vun hei stoen, villäicht nach eppes ze gesinn, wéi den Jakob, oder einfach vun engem Aneren ugemierkt ze ginn dat eenzegt war wou ech mech wierklech op erhofft hat. Souguer dat ass mir net ugebueden ginn, an ouni richteg Konklusioun sinn ech dann rëm an eist Haus gelaf. Glécklecherweis hunn si fir een Moment opgehal wou si héieren hunn wéi meng Sneakers op hiren Trottoir opkomm sinn, mee ech war schonn fort virun dass se mech erkannt haten. “Jakob?”, hunn ech si ruffen héieren, virun dass ech meng Dier sou onopfälleg wéi méiglech rëm zougemaach hunn. Fir nach eppes z ‘erliewen haut sinn ech mol meng Elteren sichen gaangen. Meng Mamm war um Canapé am Living. Ech hunn mech niewent hat gesat an hunn hat duerchdréngend ugekuckt, mee hunn net wierklech d ‘Wierder fonnt fir eng interessant Konversatioun unzefänken. Glécklecherweis huet hat meng féx Beobachtung ënnerbrach duerch d ‘Äis ze briechen. “Mir waren net ëmmer sou, gell.”, hat hat ugefaang. “Virun der Belagerung waren mir sou close wéi Geschwëster, an mir kruten eis all Dag. Lo kuckt hien net mol méi an menger Richtung wann ech mech niewent him am Bett leien. Has du dat och schonn eng Kéier?”, huet hat mech dann gefrot. Ech hunn kuerz nogeduecht, mee bon, ech hat nach ni eng Frëndin! “Net mat engem Meedchen”, sot ech dann onsécher. Meng Mamm huet grimacéiert an huet mech herno mat rou gelooss. Hat huet no Roude Wäin geroch. Dat ass den eenzegen Alkohol den mer am Land produzéieren, dofir ass een bëlleg. Mir saufen eis awer futti. Ech hunn den Rescht gedronk an sinn dann schlofen gaang.
*
Putain. Ech hun d ‘Rideauen opgeloos. Mäin Zëmmer huet sech nach ëmmer net geännert. Dat wier cool gewiescht, sou wéi wann ech fréier vun der Schoul zerëck komm sin an gemierkt hun dass meng Laken geännert goufen an dass dan amplaz vun däitscher Weber franzéisch Weber mäin Bett fir mech gemach haten. Leider sin et nach ëmmer di selwecht brong maueren mat grëng hallefkreser, dei sollten Sonnen duerstëllen. Si gesin net aus als dei Sonn déi mier hun, si sin analog, dämm, an loossen mech schlofen. Ech machen meng Dier mam Schlëssel op (ech schlofen mam Kapp direkt niewent der Dier) an kucken no baussen ouni op ze stoen. Meng Geschwëster... waart... si waren gëschter och den ganzen Dag net do! Wat soll dat? Mir missten nach di nei Sammelkaarten opdelen! Si verstoppen sech secher mat all mengen Saachen. Ech spären rem zou an din mech un ouni d ‘Rideauen zou ze maachen. Et kuckt dach keen eran. Mam Pullover an meng Jeans schlurfen ech dann kuerz eraus an dréinen mech riets laanscht di brong Maueren an eis Gemälder déi all duerch aner Leit gemolt gin sin. Talent hun mer kenges an der Famill, ausser fir Kanner ze machen anscheinend. Endlech bei der Trap ukomm huelen ech déif loft. Ech wees net firwat, mee ech mengen haut wäert iergend eppes geschéien.
Et gëtt eppes dass dir wëssen musst iwwert meng Famill. Meng Geschwëster sinn just hallef Geschwëster. Effektiv ass eppes geschitt bei menger Mamm wou hat net mat mengem Papp mee mat engem Aneren een Kand krut. Mäin Papp ass schonn puer Generatiounen een Eisen, mee mäin biologeschen Papp deen ech net wierklech kennen (obwuel, alles wat ech vun mengen Elteren wëssen ass dat mäin Papp een Drauwengaart huet an dass meng Mamm als Sekretärin schafft) kënnt aus een däitscht Duerf. Meng Famill kennt d ‘Konsequenz vun engem hallef-geziichten an eng Eise schoul ze schécken; obwuel et legal ass, soll een virbereet op Mobbing sinn. All Dag héieren ech dass ech frou soll sinn, an eng Aner Schoul ze goen, an dass si mech einfach hätten ofdreiwen kënnen, obwuel ech wosst dass et säit zwanzeg Joer schonn illegal ass. Mir sinn sou Kommentaren egal, mee ech froen mech wierklech op et net besser sou gewiescht wier. Jiddefalls huet mäin richtegen Papp sech verpisst an mäin Papp doheem mech di éischt puer Joer méi als ugekuckt, herno manner. Mech z ‘erzéien war d ‘Aarbecht vun mengen Geschwëster gewiescht, wat däitlech gutt gaangen ass.
Villäicht verstitt der dann also meng Iwwerraschung wann meng Mamm mech fir d ‘Éischt als Éischt mech ugesprach huet an mir gewarnt huet: “Du muss soen dass du een Aneren bass, dass du adoptéiert bass, oder wann se dech erpressen so einfach dass du däin Papp net kenns, dass jo wouer, o Gott, ech-“ wollt hat nach ufänken bis ech hat fest ugehalen hunn fir dass hat sech calméiert. “Okee, hal op ze winselen. Wat ass lass?” hunn ech bal gepëspert, ech weess net firwat. Mat engem Ausdrock deen zu gläichzäiteg beleedegt an leidlech erausgesinn huet, huet hat endlech däitlech geschwat: “Also, du weess, deng Geschwëster, meng léif bluttegen Kanner, Resultaten vun menger haarder Aarbecht, also, si sinn jo an där Arméi, an dat ass gutt fir si, méi si goufen alleguer wéinst der Belagerung fortgeschéckt, o mäi Gott, mäin schlëmmsten Albtraum – schnief – egal wat si dir soen, si bekämpfen net den Géigner. O Gott, si hunn et op di aarm Aner ausgesinn, si kënnen sech jo net verteidegen, wat soll dat, o nee, o Gott…”
Ech hat éischt net opgepasst mee et huet lues a lues Sënn erginn. D ‘Arméi sicht Anerer fir mat hinnen matze kämpfen! Natierlech, alles fir eist Land. Berouegt hunn ech meng Mamm ëmäermet, ech war ze midd fir alles z ‘erklären dofir sot ech einfach: “Du wäers gesinn, et wäert alles gutt opgoen, kräisch wann ech gelift net sou vill…” D ‘Absence vun menger halwer Famill huet mech awer kal ugepak, an d ‘Realitéit, dass mir se villäicht net méi wäerten gesinn, ass lues a lues opkomm. Ech hat ni wierklech doriwwer nogeduecht, mee mir sinn wierklech am Krich. Wéi gesot, Neiegkeeten sinn selten, mee wéinstens hunn mer nach Tëlee, dofir sinn ech um Canapé niewent mengem Papp sëtzen gaangen, deen nach amgaang war ze schlofen. Den Reporter, een jonken Mann mat blo Aen, buschegt Hoer an engem seriösen Ausdrock huet ugefaang iwwert d ‘Wieder an Feierdeeg ze laberen déi kengem interesséieren bis op emol eng Fra an di 40 mat engem depressiven Ausdrock an Laachfalten iwwert den Krich ugefaang huet ze zielen. “Et wäerten Anerer iech erzielen, dass mir den Krich verluer hunn, mee mir mussen keng Angscht hunn. Eis glorräicht Arméi huet d ‘Preisen widderstanen, d ‘Fransousen, an d ‘Belgen, also firwat kéinten si se dann net all zesummen besiegen? Mir stécken lo awer fest an den Ardennen, iwwert der Mousel an zu Esch. Nach just een bëssen waarden, Kameroden, gläich wäerten si d ‘Knéi béien zu eis Waffen! D ‘Schluecht vun Arel war een erwaarten Succès…”
“Ma dat aus.”
Mäin Papp ass waakreg ginn, oder gewiescht, ouni dass ech et gemierkt hat. Ech wollt him iwwert alles Wand ginn, mee bon, si soen souwisou all Dag dat selwecht, also hunn ech si ausgemaach. Ech kann nach ëmmer net verstoen woufir mir kämpfen. Mir hunn jo schonn alles, wat mer wëllen! Oder? Wat kéint een am Krich gewannen? Nach méi Suen?
“Du weess jo, deng Mamm mécht sech Suergen iwwert Jakob. Mengt, dass d ‘Arméi hien iwwert den Rand gedréckt huet. Firwat gees du net bei hinnen kucken op hien schonn zréck ass, hm?”, hat mäin Papp gefrot. Ech wosst, dass hien mech lass wollt ginn, dofir sinn ech gaangen. Meng Mamm huet mech mat Angscht an Béisheet ugekuckt. Dat ass lo hire Problem.
*
Et war ëmmer den selwechten Wee fir beim Haus vun Jakob, schonn säit di lescht zéng Joer. Si hunn just eng kéier d ‘Trapen nei arrangéiert well de Papp ëmmer getrollt ass. Wou ech bei der Schell niewent hirer rouder Dier gedréckt hunn, huet no fënnef Minutten deen Papp vum Jakob opgemaach. Ech schwätzen ni mat him wëll hien asozial ass. Hien huet awer als di eenzeg Persoun aus dem Haus ausgesinn, déi mat mir d ‘Wuert ophuelen wollt. “Hien ass nach ëmmer net do”, huet hien mech ënnerbrach. Ech hunn nach gefrot op hien wosst, wat geschitt war, mee huet mech ouni Ännerung an sengem Gesiicht d ‘Dier zou gemaach. Haut wor rëm näischt ze dinn, dofir sinn ech mol eleng duerch eist Duerf gaangen. Ech war just fënnef Schratt vun Jakob sengem Haus fort als et op emol gepaff huet. D ‘Geräisch ass hien an hier duerch an tëschent meng Oueren gekullert, ech krut sou een Kappwéi dass ech mech sëtzen wollt, et awer net gemaach hat. Fält den Jakob lo vum Himmel oder wat? Mee wou ech rop gekuckt hunn ass di äiskal Realisatioun iwwert mäin Réck gefloss.
Erënnert dir iech wéi dir fréier an der Primäre Fësch gezeechent huet? Een ovale Krees mat engem Dräieck hannendrun. Villäicht war dat och sou am Mathes Kuer, wou der d ‘”Als”-zeechen gesinn huet, wou den Fësch di méi grouss Zuel ësst. Sou huet déi Blechekëscht ausgesinn, wéi se vun engem Fliger erof geschéckt ginn ass. Et war op sécherem Ofstand zu mir, mee ech hat mir Suergen gemaach ëm di Leit déi net sou glécklech als ech waren. Ech wollt bal mäi Kapp erofloossen fir net mussen ze gesinn, wat geschéien gouf. Awer hunn ech weiderhin gekuckt. Si ass lues a lues, mee haart opkomm an huet den Buedem vun hannen no vir gerëselt. Ech sinn bal vun mengen Féiss gefall, ganz Haiser hunn gewackelt an gedrot op mech ofzestierzen. D ‘Fonkelen vun der Explosioun hunn iwwert d ‘Duerf gereent, an mech an Äsche a Schott schwaarz gemoolt. Goufen d ‘Leit gewarnt? Firwat giff een sou eng Bomm falen loossen? Wat hunn mir gemaach?
Ech sinn iergend eng Zäit dono waakreg ginn. Op meng Säit ausgespreet loung ech op der Asphalter Strooss, fënnef Schrëtt wäit fort vum Jakob sengem Haus. Et ass keen mech sichen kommen. Bon, jiddereen huet Angscht fir sech selwer. Ech awer net. Ech well d ‘Konsequenz gesinn, d ‘Zerstéierung, d ‘Enn vun der Welt. Sou zefridden war ech nach laang net. All di Zäit am Land mussen bleiwen an endlech geschitt eppes! Ech sinn voller Energie zum Landeplatz gaangen. Et war just eis Haaptstrooss erof an dann no lénks beim Lycée, do war den Rondpoint wou mir op der éischter Ofbéien an Däitschland kënnen goen, di nächst an der Belg, an di läscht a Frankräich. Et war den am décksten bewunnten Deel vum Land, mee well et all Aneschter sinn bleiwen se oft net laang. Verluer an meng Gedanken mierken ech net mol, wann ech ukommen, bis ech bal iwwert een Trümmer stolperen…
*
War ech an engem Film? An engem schlechten Dram? Giff ech gläich waakreg ginn, giff iergend een aus den Hecken kommen a soen dass et just ee Sträich ass? Gëtt et sou Saachen op der Welt? Gëtt et dat heiten an eiser Welt?
Ech stoung do eng Zäitchen. Hin an hier aus dem Bewosstsinn hunn ech mech endlech gefaasst, wou ech d ‘Zaldoten hu gesinn reorganiséieren. Fir besser ze héieren sinn ech méi no komm.
“Si kommen sécher net méi zeréck…”
“Et war wéi eng Achterbahn! Mäin Kapp huet staark gerëselt…”
“Sinn der gestuerwen? Soss ass et mir Wurscht…”
Mäin neien Standpunkt huet mir och besser Aussiicht gesinn op eisen Zoufloss. Grouss Apartementcomplexer waren mindestens beschiedegt an schlëmmstefalls den Äerdbuedem gläich gemaach. Den Coiffeur, de Schmockbutték, d ‘Restauranten, d ‘Wunnengen, si goufen all zerstéiert oder onbrauchbar gemaach. Wou fréier vibrant gemoolt Flats stoungen, sinn lo gro Bierg vu Nidderschlag. Strategesch gesinn war se anscheinend net wichteg, d ‘Arméi huet hir Ligne de Défense opgesat hannert der Entrée vum Rondpoint. Wann ech ze laang waarden giff kéint ech den Zoufloss ni méi gesinn. Ech sinn higaange an hunn schnell Fotoen mam Handy gemaach. Den Zentrum war am schlëmmsten, sou als ob een Meteorit ageschloen hätt; eng grouss Kugelförmeg Aushölung, sou als ob d ‘Däitscher mam Daum an de Bueden geräift an dann ob ee mol hir Hand falen gelooss hätten. Obwuel, villäicht waren et anerer, déi d ‘Bomm falen gelooss haten, keen wousst et sécher. Mir ass och opgefall dass op d ‘international Stroossen just déi Säit genotzt ausgesinn huet, déi aus dem Land féieren. Wahrscheinlech hunn si all Hirer rausgeholl virun dass si d ‘Bomm falen gelooss haten. Villäicht sinn si awer net all gestuerwen. Op jidder Fall kämpfen mir weider, sou wéi et ausgesäit.
Den Himmel war anescht. Mat der Faarf vun der Erfahrung, déi driwwer gerotzt gouf, war alles tounlos. D ‘Sonn huet geschéngt, mee ech hunn näischt gefillt; de Wand huet geblose, an ech sinn net beweegt; et huet een mäin Aarm gezunn, ech dréinen mech ëm. Wéi… ass dat den…
“Jakob?”, hunn ech erstaunt geruff.
“F- Firwat hues de mir net gehollef, d- du K-Kallef?”
Seng Wierder waren duerchdréngend an dës Konfrontatioun huet mech onsécher gemaach. “Wou waars du?”, krut ech nach raus, bis den Jakob an meng Äerm gefall ass.
Ee Bols. Ee Bols. Ech hunn en nach gefillt. Bréngen ech hien bei den Elteren? Wat ass dat fir Fro, natierlech. Mat engem ohnmächtegen Mann um Réck sinn ech heem gesprint. Ech hunn geschellt beim Jakob doheem mee keng Äntwert. Keng Äntwert. Fuck. Hien war geschnidden, geschloen, konnt bal net schwätzen, an dat ass wéi si hien begréissen? Ech hu geruff, verzweifelt: “Mat lo direkt op, et ass wichteg!”. Stëllt. Egal, ech sinn heem gelaf mam Jakob. Mäin Schlëssel hunn ech onbehollef aus menger Täsch gefëscht, an zitterend hunn ech eist Haus opgemaach. Direkt lafen ech an den Keller an huelen eist Éischt-Hëllef Këscht, dann ruffen ech meng Mamm, déi ass dem Living eraus gestolpert kënnt. Abrupt bleift hat awer stoen wéi hat matkritt wat geschitt ass. “Och mäin léiwen…”, huet hat gestottert, an ass un d ‘Aarbecht gaangen. Well hat fréier Infirmière war hat ech net gemengt dass dat schwéier fir hat giff ginn, dofir hunn ech se eleng gelooss an sinn ech an mäin Bett gefall an direkt ageschlof.
Ech hat net gedreemt. Um sechs owes sinn ech midd waakreg ginn. Wat war scho méi? Waart… Jakob. Jakob!
D ‘Trapen erof gerannt hunn ech keen gesinn, also sinn ech am Living kucken gaang; och keen. Eraus an iwwert d ‘Träppleken vum Jakob sengen Haus sinn ech gefall, direkt op menger Nues. Kuerz dono sinn ech opgestan an hunn een Fanger ënnert menger Nues gesat. Kee Blutt, okee. Schnell hunn ech geschellt, mee rëm keng Äntwert. Hien ass dach net rëm verschwonn?? Dann ass mir eng Iddi komm. Ech ginn rëm heem an denken dat duerch. Wou ech awer duerch meng Dier gaangen sinn, déi wäit op stoung, stoung hien do op mech ze waarden. Hannert mech zougemaach hunn ech hien ugekuckt. Ech sinn schlecht mat Gespréicher unzefänken, ech loossen hien normalerweis ufänken. Dann hunn ech einfach dra geheit: “Ech hunn dech vermësst, wou waars du?” Hien sot just: “Hues du mech rëm net gesinn?”
Hien huet mir erkläert dass hien am Zëmmer vun mengem groussen Brudder op mech gewaart hätt. Seng Elteren waren net do, dofir konnt hien bei eis schlofen. Ech war just iwwerrascht, well normalerweis schlofen mir zesummen an mengem Zëmmer wann hien sou laang bleift. Jiddefalls, d ‘Angscht vun menger Mamm war anscheinend berechtegt. D ‘Arméi hat den Jakob fonnt wou hien op den Bierg spazéieren wollt an huet hien geschloen an niewent engem Bam leien gelooss. Ech hunn hien anscheinend zwee mol verpasst, beim hin an hier wou ech mam Jerry war. Hien huet sech dann kuerz erholl an ass mech dann sichen komm, an den Rescht kennt dir jo schonn.
“Pardon, Jakob, ech mengen ech hat een gesinn leien, mee meng Famill sinn all an der Arméi, an ech wollt net dass rauskéim, ech giff Anerer beschützen…”, hat ech dann gelunn. Ech mengen, déi Excuse war besser als just ze soen dass ech hien net gesinn hat, wat zwar méi liicht ze gleewen war well hien net sou grouss an wéineg imposant ass, mee ech mengen hien wär wierklech rosen ginn wann ech him sou Saachen nach eng Kéier soen giff no all déi lëscht Kéieren wou ech hien verluer hat an der Ëffentlechkeet. Villäicht wosst hien, dass ech léien, oder hien wollt einfach net erop agoen, a dofir sinn mir am Kummer vun mengen Brudder gaangen, déi schonn ganz ausgenotzt ausgesinn huet, well all den Jakob seng Saachen kräiz a quier am Zëmmer loungen. “Wunns do lo hei?”, hat ech aus Spaass gefrot, mee hien huet mech seriö ugekuckt. “Villäicht ass deng Famill an der Arméi, mee meng Famill giff mech net méi rausgoen loossen wann ech sou ausgesinn. En plus, ech sinn mer sécher dass du rëm iergend eng Straicher bei hinnen ausgehal hues, well wou ech laanschtkomm sinn den Moien krut ech guer keng Äntwert. Do huet deng Mamm gesot, dass ech hei bleiwen konnt, well d ‘Chance kleng war, dass mer dëst Zëmmer nach benotzen goufen.”
Ech hunn mech zu him ëmgedréint. Dës grousst Zëmmer war wéi gesot vu mengem Brudder. Seng Fënster ass op der Säit, déi den Jakob säin Haus ukuckt. Dofir muss mäin Brudder sech och net mam Problem vun der Sonn auserneen setzen. Hien hat och eng grouss Tëlee mat Spiller wou ech drop konnt wann hien net do war, ewéi elo. Wier hien awer averstanen dass mer dann hei de Jakob giffen nesten?
Säin Zëmmer huet sech och vill manner als ee Prison ugefillt. Et war wéi eng Wiss, wou ech och den Jakob vum Fënster aus gesinn konnt. Et hat alles. Och d ‘Motiver op der Mauer waren vill méi Schéin; kleng Bullen, déi wéi Taudrëpsen ausgesinn, wéi se vun der gesprossener Planz ausgoen.
Mir hunn eis op d ‘Bett geleet, zwar op Ofstand, well mir net esou waren, mee zwar iergendswéi méi no als mat iergend aner Persoun di lëscht Puer Deeg. Ech sot dunn: “Hoffentlech war et net mäin Brudder, deen dech ugegraff huet…”. Jakob huet just gelaacht an gesot: ”Jasper, ech hunn keen vun hinnen erkannt, mee ech kennen däin Brudder an ech weess dass hien besser als dat ass.” Iergendswéi hunn mir dann d ‘Schwieregkeet vun der Situatioun iwwerbréckt an dann hunn mer ugefaang wéi fréier zesummen ze spillen, allerdéngs dës Kéier net getrennt vun engem Zaun, just vun eisem eegenen Confort…
*
Just op deen Moment, wou ech sou zefridden an berouegt war, dass ech gemengt hat, ech zesummen mam Jakob eng Himmelfahrt maachen giff, op Wolleken, Sonneschäin an letztendlech an d ‘Ozon, ass et leider ënnerbrach ginn duerch eng Grupp Stëmmen déi vun dobaussen komm sinn, an mat der Sekonn ëmmer méi haart ginn sinn. Ech hunn éischt Aenkontakt mam Jakob gemaach, mee och hien huet direkt aus dem Fënster gekuckt fir z ‘investigéieren. Do waren se, ee Schwarm vun Leit déi amgaangen waren fir eppes ze protestéieren (oder éischter géint eppes). Et waren sou vill Zorten Leit an der Mënschemass dass een se net auserneen halen konnt; Eiser an Anerer, Schwaarz a Wäiss, Dammen a Hären, all vereenegt fir…
“Mir maachen net mat! Mir maachen net mat! Mir…”
“Heifir hunn mir net gewielt! Heifir hunn mir net gewielt…”
…géint d ‘Partei, anscheinend. Ech hunn gesuckelt, an wollt schonn ufänken driwwer dass d ‘Partei ze soen hat, wat se wollt, well mir se gewielt hunn an dass et egal ass, wat aner Leit mengen dass mir maachen sollten, an firwat mir schonn desse Krich gewollt haten, well keen de Präsident säin Manifeste gelies hat, wou däitlech drastoung dass hien den Krich wollt féieren géint all deenen an all déi, déi sech géint him opdoen, egal op Land oder Persoun. Schnell ass däitlech ginn dass di aner Länner zwar zréck kämpfen giffen, mee bon, wat wëll een vum Liewen…
Dann huet den Jakob mech aus mengen Gedanken gerass an gesot: “Wow, dat sinn Pazifisten! Ech hat schonn gemengt, no dass déi Bomm falen gelooss giff ginn dass een endlech ee bëssen Vernunft a dësem Land fannen géif! Si stinn schonn virum Büro vum Präsident, dat kann nëmmen op enger Manéier ophalen…”
Effektiv ass eng Persoun, eng Fra an di 30 déi wahrscheinlech aus Nordafrika kënnt, era gelooss ginn fir mam Präsident ze schwätzen. An dann drësseg Minutten laang näischt. Keen huet geschwat, keen huet eppes gesot, dat eenzegt wat een héieren konnt waren di ongemittlech Agitatiounen vun den Leit an puer Stëmmen déi vun bannen dem Bürosgebai komm sinn. Ech wollt schonn rëm ufänken, mam Jakob weider Call of Duty ze spillen, als op emol d ‘Leit ganz, mee wierklech ganz haart ugefaang hunn ze jäizen an ze lafen. De Präsident ass rauskomm, mam Kapp vun der Négociante op engem Speer opgezunn. D ‘Police ass direkt dono aus der Dier vum Bürosgebai komm an huet ugefaang Gummistéieren ze benotzen, fir d ‘Léit heem ze schécken. Keen vun eis zwee konnt seng Aen fort dréinen vun dësem Spektakel, net mol fir eis zwee unzekucken, mee schonn schnell war näischt méi ze gesinn, well d ‘Wolleken vum Tréinegas bis bei eis eropkomm sinn. Mir hunn eis ugekuckt, probéiert, Léisungen ze fannen, eng Äntwert, Tréischten, iergend eppes. “D- d- dat miss jo, jo also, dat kann jo dach net wierklech hire… Kapp… sinn- oder?” Vergeblech hunn ech probéiert, nach puer Wierder eraus ze kréien, mee dann sinn mer allen zwee ze gläichzäiteg fort gefall an der Schlucht, sou laang gefall bis mer op eis Käpp opkomm sinn. Ech war no genuch bei him fir hien ze këssen. Mir war awer nach ni sou wéineg no Intimitéit, a sécher net mam Jakob, an ech sinn labber do leien bliwwen, net wierklech waakreg mee net ageschlof, mat meng Aen op den Plafond gekuckt, well eis den Himmel verdeckt war.
*
Ech hunn mech opgeraf. D ‘Loft war déck, an se mat der Hand ze schneiden war eng Aarbecht déi mäin Kierper ze vill geholl hat, an ze wéineg ginn. Wann ech se misst beschreiwen, wier se wéi Mëllech, déi scho laang sauer war. Et hat och gestonk. Fuerchtbar. Duerch dessen Dickicht sinn ech gedriwwen bis beim Fënster. Et war een grousst, wou een eng kleng Aushölung hat an sech dran konnt sëtzen. Dann souz ech do, an ech hat mat menger duerchsichteger Hand lues a lues d ‘Fënster opgemaach. Net ganz bei Sënnen hunn ech meng viischt Féiss erof hängen gelooss. Ouni dat Gas ass et jo vill méi frësch hei. Et houng sou een gudden Geroch an der Loft, wéi wann d ‘Noperen amgaangen wieren ze grillen, mee et huet dämp geroch, no Séiwaasser, wéi wann et grad gereent hätt. De Wand huet mech gedrot, mech hien an hier gewackelt. Ouni mech ëm ze dréinen hunn ech mech méi a méi no vir gesat, sou laang bis mir gro vir den Aen ginn ass, an ech sinn geflunn, gedroen op der Kraaft vun deem, dat mer net kënne gesinn...
Als Éischt wollt ech guer net waakreg ginn. Et war däitlech dass ech alles gedreemt hat, vum Moment un wou ech de Wand geroch hat. Et huet nämlech guer net gereent di lëscht puer Deeg. Och den Wand war guer net staark, d ‘Bierger beschützen eis vun dat schlëmmst. Mee wat ech gedreemt hat ass wierklech geschitt.
Et war een dréchenen Owend. Den Dag dofir war guer net speziell, ech war an d ‘Schoul gaangen, hat jiddereen gesinn an krut an der leschter Stonn eng Aufgab un der Tafel déi ech net maachen konnt. Normalerweis hätt mir dat näischt ausgemaach, mir waren net di bescht Klass oder di bescht Schoul, mee den Proff sot mir, anstatt der Äntwert, dass ech mech manner mat “Drogenhandel” beschäftegen an méi am Kuer oppassen sollt. Just een bëssen Gras aus Holland importéiert! Ech hat souwisou d ‘Suen selwer gebraucht well meng Elteren mir bal keng ginn haten. All meng Kollegen waren mir och dankbar dowéinst. Mee deen Dag hat keen eppes gesot, jiddereen wollt heem an di meescht haten et net mol héieren. Dunn ass mir kloer ginn, dass ech ni wierklech eppes erreechen giff. Verdammt sinn, un der Rand vun der Gesellschaft ze liewen, dat konnt ech kengem undoen. Net mir selwer, net menger Famill oder mengen Kollegen.
Nodeems et opgehal hat mat Reenen war ech net midd. Ech souz an mengem Bett, bei der enger Fënster, an sinn dann do sëtzen gaang. Während deem hat ech keen Mucks gemaach. Et war däischter, ganz spéit an der Nuecht. Mee den Geroch, deen ech matkrut, war et den ganzen Dag wäert. All deng Hoffnungen a Dreem eidel ze wäschen an dann deen Geroch drop ze schreiwen, op mengem Liewen, et war eppes aus dëser Welt. Ech hunn meng Féiss nogekuckt, wei se mam Rhythmus vum Wand gedanzt haten, an hunn meng Hoer lassgelooss. Lues a lues ëmmer méi wäit no vir, fir d ‘Loft ze schmaachen, bis ech geflunn sinn.
Meng Elteren hunn mech déi Nuecht net gesicht. Dat weess ech, well ech éischt vum Bréifdréier um néng Auer den nächsten Dag fonnt ginn sinn. Hien huet mäin Hals ugepak, vir den Bols z ‘iwwerpréiwen, an huet mech dann eleng gelooss. Wéinst him sinn ech dann waakreg ginn. Komescherweis war dat di éischt Kéier, déi ech mech erënneren, wou ech gutt geschlof hat. Trotzdem sinn ech bis bei d ‘Spidol getrentelt, an do hunn se mir ee Plooschter ginn an mech erëm heem geschéckt.
War et een Albtraum? Oder eng Schwellensituatioun? Wou ech den Jakob gesinn hat, deen nach ëmmer amgaangen war, ouni mech ze spillen, hat ech gemierkt, dass ech net mol sou laang geschlof hat. Ech war awer léiwer hei ëm gefalen, well hien hat mech direkt fonnt an mech hin geleet, ouni mech waakreg ze maachen. Ech hunn mech zum Säitefënster vun mengem Brudder gedréint, an all d ‘Schëller an Plakater vun de Protester loungen do all hannerlooss. Et giff keen se checken, kucken, op se nach liewen. Villäicht giff een dat maachen, mee dann wier hien geckeg. Vum Protest ass näischt komm. Mir sinn nach ëmmer an engem Krich, deen mir net kënnen gewannen, an eis Hoffnung op Diplomatie mam Präsident ass riwwer. Dat huet den Jakob awer net gestéiert. Oder hien huet säin bescht Gesiicht ugedoen fir net ze weisen, wat hien wierklech mengt. Lo spillt hien nach ëmmer online. Hien war den eenzegen aus eisem Land an der Lobby, also hunn ech mech dobäi gesat, an mir hunn eis fort loossen droen an der fiktiver Welt, die eigentlech eiser geähnelt huet.
Blitzen. Eng Aquarellzeechnung, déi sech ausbreet virun dengen Aen. Plëtzlech kanns de dech net méi beweegen, du läis do, hëllefslos. Wat soll ech maachen? Ech kann net aus dësem Zëmmer. Si wäerten den Jakob offéieren. Ech kann net hei bleiwen. Ech wärt stierwen, wéi meng Mamm, déi sech an engen ni ophalenden Schlof gedronk huet, an mäin Papp, den ofgefouert gouf nom Protest. Net mol Mentioun dovunner, op et ee Begriefnës gett. Wann de Jakob sech erëm op der Strooss weisen léist, gëtt hien wahrscheinlech einfach erschoss. Dat däerfen si elo. Si hun einfach d’ Gesetzem ëmgeschriwwen, déi mir vertrauen, an soen elo: “Vergies dat, léier dat.” Alsob den Diktator eise Proff as! Mee wat léieren mir? Ass et de Ruhm vun engem Mann wäert, seng ganzt Existenz ze loossen ausradéieren an dann mat dem waarmen Mondgeroch vun engem alen Mann iwwerschriwwen ze ginn?
Ech sot dem Jakob, ech wier gläich zerëck. Mir missten jo eppes iessen. Mee wat dann, ausser Rubbel an Gesteng? Dovunner fillt een sech net mol voll. Et schneidt deng Daarmen op, du verleefs an all Richtung mee du wiergs dech an Péng bis zum letzten Moment. Ech hun awer gemach, wat ech am beschten kann. An esou sin ech erëm spadzéieren gaangen.
Wann an eisem Duerf nach ee gewunnt hätt, wier et schwéier ze gliewen. Nee, de Krich ass eriwwer, an di gutt Leit hun eist Duerf verpasst. Wat gëtt et dann nach op ze bauen? Eist ganz Geschicht, eis ganzt Liewen ass just baséiert op eidel Ligen, déi, wann se ënnert der klengsten Kritik kommen, fort fléien wéi Sand an der Sahara.
Ech hun den Jerry säin Haus gesicht. Et huet eidel ausgesin, all Luten waren aus. Ech sin bei sengem Fënster kucken gaang, an dat eenzegt wat ech gesinn hat war eng bleech Läich an d’ Drëpsen vun Blutt, déi aus sengem Handgelenk komm ass.
Suguer de Bierg war fort. Eng aner Bomm huet se zu näischt reduzéiert. Mir sin just nach een anert Stéck Land fir d’ Landwirtschaft ginn, déi gläich ënnert Friddensvertrieg gläichméisseg opgedeelt gëtt. Dann wäerte mir zu Frankreich gehéieren. Just den Gedanken léisst mech sou eidel fillen, d’ Iddi, déi mir mol erfonnt haten, hun zu eisem Dout geféiert.
De Rondpoint war fort. Et kënnt jo keen hei méi. Just eng Betongsstrooss, déi zu Paräis féiert. Wou ech méi no do kommen, wou se eng Kéier war, fannen ech zerstéckelt Läichen iwwerall. Hei een Aarm, hei ee Been, an hei een Torso mat engem gutt erhaalen Penis. Wat soll et, et ass jo net peinlech fir den Eigentümer. Hien kann sech net schummen weinst der Défaite oder senger Erniddrigung. Ech faassen just kuerz, fir ze kucken, op een richteg ass, an dann loossen ech et sin.
Di meescht Zaldoten hun sech d’ Liewen geholl. Oft sech selwer an de Kapp geschoss. Et wier honorabel, säin egen End ze bestëmmen aplaz vun an den Hänn vun de Géigner ze falen. Wann ech ee Gewier huelen, drécken ech of, just fir ze kucken, an en schéisst, einfach sou, an duerch de Réckworf falen ech ëm. Ech fänken mech an dréinen mech ëm géint der mësslongener Schluecht.
De räiche Quartier ass lo eidel. Jidfereen mat Suen an een Verstand ass fortgelaf, huet eng aner Nationalitéit vun sengen Virfaren ugefrot. Ech kéint an hir Wunnéngen kucken goen, mee wat bréngt mir dat. An do ass mäi Brudder. Wéi laang läit hien schon do? Hien kéint schon di ganz Zäit do gesat hun. Seng Aen kucken erop an eng besser Welt. Ech rësselen nach kuerz, mee nee, hien fällt just wei eng zerbriechlech Vaas auserneen um Bueden. Do loossen ech hien. Dat ass säin Begriefnes.
*
Rëm doheem. Rëm déi selwecht Spiller. Ech sträichelen d’ Säit vum groussen Bett fir ee Splinter ze kréien an den Honger ze vergiessen. Ech sin net schwul, mee wat soss? Ween soss? Ech kann mech net befriedegen mam Lach am Bueden. Hien dréit sech zou mer an ech iwwerhuelen d’ Kontroll.
*
D’ Euphorie funkelt nach an menger Broscht. Et fillt sech sou verbueden un, mee och alsob et hätte sollt sin. Villäicht ass dat eenzegt, wat mir fillen, eng Réaktioun op enger Kontradiktioun op eiser Logik. Ech krut mech wei meng Elteren virun der Belagerung. Wou si nach an den Flitterwochen waren. Wou ech nach jonk war, nei adoptéiert a voller Chancen. Wou d’ Regierung sot, ech soll an eng aner Schoul. Wou mäi Papp ugefaang huet mat Schloen. Wou meng Mamm ugefaang huet mat Drënken. Wou ech op hierem Schouss gekrasch hun, an si meng Tréinen an hirt Glass fléissen gelooss huet. Et muss net alles am Liewen Sënn erginn.
*
Jakob ass fort. Hien ass gaang. Huet mech verloos. Sot et selwer. Mee firwat? Firwat waren mir all déi Joer befrënnt an lo sin ech egal fir hien?
Ech gin eraus. Wann ech ee Prabelli hätt, géif ech am Wand fléien. Dann muss ech meng Fligelen selwer maachen.
Vun eisem Daach gesäit eist ehmalegt Land just wéi Gras a Flëss aus. Ech breeden meng Flillèken aus. D’ Steng schmaachen sou gutt. D’ Welt ass ee Rideau vu naasem Pabeier.
Ech gin op der Haaptstrooss. Ech din mech aus. Et gesäit souwisou keen et.
Endlech sin ech net méi behënnert vun mengem Liewen. Méi héich, bis et net méi geet.
All meng Kierperdeeler, ouni Geschlecht, ouni Bedeitung, kucken op di stierflech Welt erof.
Dat lescht, wat ech gesinn, ass ech, deen an den Äerm an tëschent de Been vun mengem Brudder läit, wat nach iwwereg vun him ass, ech sin tranquil an pacifiéiert. Ech brauch näischt méi. Ech sin näischt méi. Ni méi gefaangen.